Gitt een Deel vun deem Team, dat et den Organisatiounen erméiglecht, perfekt ze funktionnéieren. Entwéckelt Är Kompetenzen a genéisst Är Zäit an engem agreablen Aarbechtsëmfeld.
Mir si bereet, eist diversifiéiert, internationaalt Team ze vergréisseren.
Mir wëssen, dass eis Entreprise sech nëmmen esou séier an esou gutt entwéckelt, wéi d’Menschen an eiser Entreprise sech entwéckelen. Bei eis fannt Dir duerfir vill Raum, fir Äer Stäerkten an Intressien anzesetzen. Mir setzen eis Mataarbechter genee do an, wou si dës Stäerkten an Intressiën entfalen an an eis Firma abrénge kënnen. Sou verbessere mir kontinuéierlech eis Leeschtungsfäegkeet a ginn eiser éischtklasseger Reputatioun och an Zukunft gerecht.
Mir bidden eise Mataarbechter een agreabelt Aarbechtsëmfeld mat beschten Aarbechtsmëttelen, flexibelen Arbechtszäiten a feste Kontrakter. Well eis d’Gesondheet vun eise Mataarbechter ganz wichteg ass, ass all Aarbechtsplaz an eise moderne Büroen ergonomesch konzipéiert. Ee Büro ouni Pabeier an ëmweltfrëndlech Déngschtautoen ware vun Ufank u fir eis selbstverständlech.
Mir stelle gratis Gedrénks an Uebst zur Verfügung, finanzéieren an ënnerstëtzen d’Memberschaft am Fitnessstudio an heesche jiddweree wëllkomm, deen sech eis bei Firmeleef uschléisst. Ofgeronnt gëtt dëse Package mat reegeléissege Geschäftsiessen, Betriebsausflich an aneren Events.
Nei
Eis grenziwwerschreidend Ausbildung (prakteschen Deel zu Gréiwemaacher, Beruffsschoul zu Bitburg) ass déi bescht Aart a Weis fir jonk Talenter, hire Wee an de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze fannen an essenziell Kompetenzen ze entwéckelen. Mir hëllefen Iech, Äre volle Potenzial ze erreechen, sou wéi mir dat beim Leon gemaach hunn. De Leon, eisefréieren Auszubildenden, ass vun der IHK Tréier als beschten Apprenti ausgezeechent ginn, a mir sinn houfreg, dass hien no senger Ausbildung elo Account Manager Licensing bei eis ass. Hien ass a war och virdrun e wäertvolle Member vun eiser Aarbechtsfamill. Mellt iech nach haut fir Är Ausbildung an eiser Entreprise an erreecht och Dir Äre volle Potenzial.
Mir hu momentan keng oppen Aarbechtsplazen.
Dir schéckt eis Är Demande. Déi enthält:
Dat soll alles an engem eenzege, kohärente PDF zesummegefaasst sinn.
Mir préifen d’Demanden no verschiddene Critèren.
Tip: Dir kënnt Iech Virdeeler verschaafen, wann Dir all Dokumenter komplett souwéi an engem eenzege PDF schéckt.
Mir invitéieren Iech, fir dass mir eis géigesäiteg kenneléiere kënnen.
Mir stellen Iech allgemeng an och perséinlech Froen souwéi Froen zum Thema Verkaf an IT.
Dir kritt ee kuerzen Text op Englesch ze liesen an ze iwwersetzen.
Mir stellen Iech d’Entreprise vir an alles, wat mir offréieren.
Duerno huele mir eis Zäit fir Är Froen.
Dir hutt et gepackt!
Dir gitt een Deel vun eisem exzellenten Team!
Mir freeën eis schon op Iech!
Dat, wat Dir gesitt, gefällt Iech? Schéckt eis Är Demande a léiert eis kennen!
Wann Dir eise Spirit deelt, da schéckt wgl. Är Demande mat engem Motivatiouns-Schreiwes, engem Liewenslaf a Form vun enger Tabell mat enger Foto, geneeën Informatiounen iwwert Är Sproochekompetenzen, Kopië vun Äre Certificater, Är Erwaardung vum Bruttojoresakommes an ee méiglechen Ufanksdatum nëmmen als PDF per E-Mail un career@schneider.systems.
Dir hutt net fonnt, wat Dir gesicht hutt?
Kontaktéiert eis einfach. Mir fannen dat Richtegt fir Iech.